Aktivitéiten 2014

Hierscht Botzaktioun

Eis dësjähreg Hierscht Botzaktion wor Samschdes, den 18. Oktober ab

12.00 Auer um Terrain.

Wéi all Joers haaten mir genuch Aarbecht.

D'Memberen konnten matbréngen waat se doheem haaten wéi:
- Secateur
- Händchen
- Eeemer
- Wuerzelstiecher
- Heckescheier déi NËT mat Stroum geet, mee mat Benzin leeft (mir hu nach ëmmer kee Stroum um Terrain!!!!)

Et gouf gewuddert wéi wann den Terrain misst bis virum Wanter sou schéi si wéi nach ni. Et gouf geméit, Hecken geschnidden, Onkraut aus dem Sandterrain gerappt, an och dem Gras tëscht de Buedemzillen gouf de Garaus gemaach, souguer de Chalet ass rosa .... ähm mat Holzfaarw ugestrach ginn, a wann verschidde Leit net opgepasst hätten, da wär och schonn déi al Kichen am groussen Bou vun eise fläissege Männer eraus gerappt ginn.



Mir haten immens Gléck mam Wieder an et wor eng gudd Stëmmung.

Biller heizou fann der hei ënnen.


All deene ville Leit déi tatkräfteg mat ugepaakt hunn gëllt en groussen


Merci