Schlassfest 2015

Den 14. Mee ass dat alljäerlecht Schlassfest zu Suessem um Site vun dem Schlass.

Dat ganzt geet vun moies 10 Auer bis owes 18 Auer.

 

D’ Entente vun de Suessemer Veräiner wär do frouh wann kéinten, aus all Veräiner, e puer Leit eng Hand upaaken. Dofir froen mir iech all, ween dorun Intressen hätt, fir gäeren a gudder Gesellschaft e bëssen ze hëlefen, et muss jo net den ganzen Dag sinn, e puer Stonnen fir jiidereen an et ass net vill.

Wat elo Chargen ugeet wat mir ze maachen kréien, gesäit et sou aus wéi wa mir ee vun den Gedrénksstänn iwwerhuelen (wat awer net ganz fest steet). Och beim Op an Ofriichten kënnen mer hëlefen.

Mellt iech weg bei eiser Präsidentin dem Jung Dany un wann der hei wellt hëlefen, oder wann der nach eng Fro hut.
Hei nach mol seng Kontaktdaten:
E-Mail:  danie.11@hotmail.com
GSM   :  +352 621 235935

Fir nach weider Informatiounen kënn der och um Facebook ënnert „Suessemer Schlassfest“ kucken goen.

Merci am Viraus fir äert Engagement.

Dir sidd häerzlechst invitéiert fir mat äerer Famill en schéinen Dag um Schlassfest ze verbréngen