In Memorandum un eise Sam (06.07.2014)

eise Sam mat sengem Traumhund Abby

 

Op dëser Säit wëlle mer dem Sam nach mol Merci soe fir déi vill Stonnen déi hie fir de Veräin opbruecht huet, säi Schaffen a "sech Gedanke maachen", déi hien oft ëm säi Schlof bruecht hunn, well en et ëmmer ërem wollt zu jiiderrengem sengem Beschte maachen!

 

Léiwe Sam,

 

schonn e puer Méint bass du net méi bei eis. Mir kënnen et ëmmer nach net gleewen. An op eis Fro "Firwat" wäerte mer ni eng Äntwert kréien...

 

Sam, du feels hei jiiderengem, däi Laachen, däi spëtzbouweg Grinsen, däin Optimismus an deng Ausso: " an wou hunn ech dann elo ...." wanns de nees all deng Täschen ofgeklappt hues...

 

Du hues dech immens fir de Veräin agesat, wors all fräi Minutten op dem Terrain an hues nogekuckt op eis Ëmbauaarbechten zum Beschte gemaach ginn, an du has och ëmmer erëm eng Iddi wann et mol iergendwou hänke bliwwen ass.

 

Bei eisen Agility Turnéier Weekender um Gaalgenbierg zu Bieles hues du vollen Asatz um Terrain gewissen, an hues esou och déi aner matgerappt.

 

Mir haten ëmmer immens vill Spaass mat dir, a mir hu vill zesumme gelaacht, ni hues de dech beschwéiert, ni wors du granzeg, du wors ëmmer voller Optimismus, du has ëmmer nei Iddien, an du has och ëmmer en tréischtend Wuert fir een opzemonteren.

 

Mat voller Leidenschaft hues du däin Agilitytraining ofgehalen, hues Woch fir Woch eng Engelsgedold mat eis gehat, an eis onermiddlech an eiser Entwécklung ënnerstëtzt, sou dass du selwer oft ze kuerz komm bass.

 

Sam, mir hunn dech kennegeléiert als gudden, hëllefsbereeten, éierlechen, lëschtege Frënd an Trainer mam  Häerz um richtege Fleck! Deng Suerg ëm Mënsch an Hond huet dech dozou geleet den Training wéinst der Hëtzt ofzesoen........vill ze vill fréi hues du eis verlooss....

 

Sam, eis bleiwe wonnerschéin Erënnerungen a mir si sécher, dass du vun do uewen d'Hand iwwer eis häls. Mir wäerten dech nie vergiessen an ëmmer an allerbeschter Erënnerung halen.

 

 

Du bleiws ëmmer eise Beschten!