Cortège Virowend National Féierdag an

Sangriabar

Léider ass den Cortège dëst Joer wierklech an d' Waasser gefall, et huet esou mat Eemeren gereent dass d' Organisatoren den Cortège ofgesoot hunn.

Dofir wor dunn méi Zäit fir an der Sangria Bar ze hëllefen an fir en flotten Owend ze suergen.

Wann een elo d’Chronic vun dësem Joer kuckt, ass et elo, no eisem Concours, un der Zäit fir iech op den Virowend vun National Féierdag z’invitéieren.

Wéi all Joer wäert eist Team och dëst Joer un de Manifestatiounen um Virowend (den 22.6.) deelhuelen.  🎉
Et ass Traditioun dass mir mat eisen Muppen am Cortège matginn, wann lo awer Hënn d’ Musik net verdroen, an/oder e Grupp vu Leit fäerten, oder dir äere Mupp nom Cortège net kënnt heem féieren, ass et kee Problem dass dir ouni äeren Véierbeener am Cortège mat marschéiert. 😃

Et wäer flott wann dir äeren ATS T-Shirt oder Jogging géift undoen, fir dass mir uniform eisen Veräin vertrieden.
Fir dass och d’Hënn eng „Uniform" hunn, kënnt dir hinnen gäeren rout-wäiss-blo Bännercher oder den lëtzebuerger Fändel emhänken! 😊     🔴⚪️🔵

De Cortège geet um 19:30 Auer zu Zolwer um Basketsterrain fort.
Treffpunkt fir d’ Memberen déi mam Cortège matginn, ass um 18:30 Auer bäi den Trapen am Schoulhaff vum Scheierhaff, hei ass och ërem d’ Enn vum Cortège.

Mir soen iech schonn am Viraus villmols Merci! 😃