In Memorandum un eist Ulli (Mäerz 2021)

Äddi Ulli,
Du wars ee vun onsen dingschteelste Membren am Veräin an onvergiess bleiwen all déi Erënnungen déi mäer zesummen deelen. Du wars ëmmer fir de Veräin do, hues keng Aarbescht leie geloss an ëmmer an iwwerall eng Hand ugepakt. Du has ëmmer een oppent Häerz speziell och fir ons Kanner um Terrain, ëmmer ee Laachen am Gesiicht. Du wäerts ons feelen. Däer Marco schécke mäer ganz vill Kraft an dëser schwéierer Situatioun, de Veräin ass do fir dech wanns du eppes brauchs!
Léift Ulli, du bass net eleng op denger Reess, ech si sécher de Sam an de Raym halen däer d‘Dier op do uewen. Gëff all onse Muppen op der anerer Säit ee Bonjour vun ons