Ons Geschicht

Op d’ Geschicht vun eisem Club si mer stolz, an dofir wëllen mer se Iech och gären matdeelen.

 

Fënnef Hondsfrënn, déi am Joer 1992 hir éischt Erfahrungen an der neier Hondssportart “Agility” gesammelt hunn, dëst bei engem aneren Veräin, hunn den 28. Oktober 1992, mat dräi weideren Kollegen, den heitegen Hondsclub AGILITY TEAM SUESSEM gegrënnt.

 

Ganz an der Noperschaft vun dem Suessemer Schlass kruten d’ Kollegen eng Wiss gratis zu Verfügung gestallt. Dës Wiss ass fir den Ufank duer gaangen.

 

Am Ufank goufen Geräter an Egenregie, mat gespentem Material gebaut. An engen 4 Méint woren Spréng, den Laafsteeg, d’ A-Wand, Wippe, den Slalom, den Stoff Tunnel, asw... fäerdeg.

En Tunnel hunn déi 8 Agility Kollegen vun hirem eegenem Geld finanzéiert.

 

Den 25. Abrëll 1993 huet den A.T.S hiert éischt Turnéier organiséiert.

25 Leefer mat hiren Hënn haaten sech ageschriwwen, dovunner 3 aus Frankräich. Dass den Agility nach an sengen Kannerschong géif stiechen, dat hunn d’ Resultater gewisen:

1 Vorzüglich;

3 Sehr-Gut ; 

3 Gut ; 

3 Nicht Bewertet ; 

15 Diss’en

 

Fir den zweeten Turnéier, wat den 18. Juli 1993 organiséiert ginn ass, woren 92 Hond Koppelen, dovunner 23 Auslänner, ugemellt.

 

Den éischten Indoor Wett Kampf ass am Joer 1996 an enger Reit Hall ofgehalen ginn, duerno all Joer an enger Sportshal.

 

2001 huet Gemeng Suessem dem A.T.S en neit Training Feld zur Verfügung gestallt, wat am “Joer vum Bam” ronderëm mat Hecken an Beem beplanzt ginn ass, dëst net weit ewech vun dem alen Terrain.

 

Am Joer 2002 ass Klubhaus opgeriicht ginn, an den Training Terrain vun den Memberen mat Drot ëmfaasst ginn. Dräi verschidden Terrain sinn entstanen.

 

Dann sinn am Joer 2003 nei Geräter gebaut ginn, sou wéi och en Container an eng Generatrice ugeschaf ginn.

 

Dat nächst Joer, 2004, sinn Leitungen vum Stroum verluecht ginn, an 6 Pottoen fir déi 8 Scheinwerfer, déi den Terrain ausliichten sollen, opgeriicht ginn.

 

Den A.T.S hat am Joer 2006 42 Hond /Agiliste Teams, an am Joer 2007 nach 34.

 

Am Oktober 2008 ass Sand Piste fir den Training fäerdeg ginn.

 

Den ALEX SABUS ass am Februar 2009 zu eisem Éieren President ernannt ginn. Mir soen him am Numm vum ganzen A.T.S Veräin e groussen Merci.

E groussen Merci un eisen Eierenpresident Alex Sabus fir den Reportage aus dem Telecran aus dem Joer 1994, wou Geschicht vum ATS beschriwwen ginn ass