Generalversammlung

Eis dësjähreg Generalversammlung wor den 30. Januar 2015 um 19:30 Auer zu Suessem am ale Musekssall.

No der Begréissung vun eiser Präsidentin, an enger Gedenkminute un de SAM, huet d' Sekretärin den Tätegkeetsbericht virgedroen.

Duerno wor et um Caissier fir den Bilan vun der Keess virzedroen.

De Keessebericht ass vun den dräi Keesse Revisoren confirméiert ginn.

Nodeems dass Vertrieder vun der Gemeng Suessem an der CLA e puer Wuert gesot hunn, sinn déi verschidde Memberen vum ATS, déi am Laaf vum Joer Podium Plazéierungen haaten, sou wéi och aner Memberen, geéiert ginn, an

d'Generalversammlung ass opgehuewen ginn.


Duerno ass den Owend bei Iessen an Gedanz ausklengen gelooss ginn.

Download
Generalversammlugs Bericht 2015
GV-Bericht 2015.pdf
Adobe Acrobat Dokument 208.0 KB