Chrëscht Feier

Den 18. Dezember wor dat dëstjäehreg Chrëscht Feier um Terrain zu Suessem.

Nodeems zesummen den Parcours fäerdeg opgeriicht ginn ass (den Fränk hat en schon vir préparéiert) ass den Agility gelaaft ginn. Alleguer Team' en sinn den selwechten Parcour gelaaf.

Resultat:

  1. Greisch Uschi mam June
  2. Greisch Uschi mam Chicca
  3. Fautsch Marcel mam Mia

duerno ass emgebaut ginn op Spill, dëst wor nawell schéi kniwweleg, et wor en Parcour mat 20 Geräter opgeriicht ginn plus en schwarzen Tunnel deen eng wichteg Roll gespillt huet.

Ass en Team en Fehler gelaaf, huet en missen duerch den schwarzen Tunnel (den Hond natirlech) nees op den Start zeréck laafen an den Parcour nees vun vir un starten, wuelverstanen ass Zäit wéider gelaaf (gut no dräi Minutten wär dann awer ofgepaff ginn)

Resultater vum Spill:

  1. Welfringer Gilles mam Mel
  2. Schmit Joëlle mam Noah
  3. Bock Kett mam Yuna

Duerno gouf sech  nach gestärkt mat Zopp an engem gudden Dessert.

Ënnendrënner nach e puer Biller