Summer Botz

Hei e puer Biller vun eiser dësjäereger Summer Botz.

Et woren vill Leit präsent fir ze hëllefen. Et gouf gudd geschafft, an zwar:

  • den ganzen Sandterrain vum Onkraut befreit
  • d' Hecken gestützt
  • zwou Paarten fir op den Welpenterrain gesaat (dann kennt den neien Méihtrakter och dohin)
  • an zu gudder Lescht zesummen giess

Merci nach emol un all eis Memberen fir hiert Engagement.

D’ Fréijor ass eigentlech eriwwer an de Summer kënnt mat grousse Schrëtt op eis duer, dat heescht dass Planzen a Sträicher elo gläich fäerdeg sinn mat spréissen.
Vu dass d’ Hecken an d’ Sträicher um Terrain net esou wuessen wéi mir dat gäeren hätten, an dass och d’ Onkraut net vergiess huet ze spriissen, missten déi geschnidden a gerappt ginn. 😄
Dat géife mer dann zesummen den 11. Juli um 12:00 Auer op eiser alljäerlecher Summerbotz-Aktioun um Terrain an Ugrëff huelen.

Wann dir Aarbechtsgeschier doheem hudd, wéi Fräischneider, Motorsee, Méihmaschin, asw… déi ouni Stroum funktionnéieren, an/oder manuelt Aarbechtgeschier wéi Reech, Secateur, Onkrautkuerw, Schaffhändschen, asw… dann kënnt der dat gäeren matbréngen sou dass d’ Aarbecht flott a gemittlech ze maachen ass.
Selbstverständlech bréngt der och w.e.g. äer gudd Laun, Motivatioun, a Spaass mat, well mat deenen mëcht et vill méi Freed den Terrain zesummen rëm op Vordermann ze bréngen.

Wann d’ Wieder et erlaabt, an et wäert scho sonneg ginn 🌞 , dann grille mer zesummen. Mir stellen iech de Grill an d’Kuelen zur Verfügung, an dir bréngt iech mat, wat dir gäeren op d’ Feier leet. 🔥 🐖 🍗 🐟 🌻 🌸.
Wien gäeren eng Zalot 🍀 oder e wéineg Dessert 🍰 matbréngen well, kann dëst beim Umellen gäeren mat uginn. Et wäer och flott wann jiddereen säi Besteck 🍴 a säin Teller kéint matbréngen, well mir e bessi knapps mam Porzellain sinn.
Sollt et awer deen Dag reenen, wat mir natiirlech net hoffen, dann fällt d’ Grillen an d’ Waasser, a mir bestellen eis eppes fir z’ iessen.

Mellt iech w.e.g. beim Kett un 📬, a sot mir vläit och Bescheed wat dir vu Material, Zalot oder Dessert kënnt matbréngen. 👍