Grouss Fréijoers Botz vun der Gemeng Suessem

Elo ass et nees esou weit, den Wanter mecht sech lues awer secher ewech, an den Gemengerot, den Emweltservice, d’Ententen aus der Gemeng Suessem, sou wéi d’Associatioun Spullweenchen asbl invitéieren all Memberen vun den Veräiner aus der Gemeng bei der desjähreger

grousser Fréihjoers Botz den 28. Mäerz 2015

deelzehuelen


Rendezvous ass fir eis Agilisten wéi all Joer zu Suessem bei der Hall polyvalent um 10:30 Auer.
Den Programm gesäit folgendermoossen aus:
10:30 – 12:00 Auer:

Trëppelen mat gläichzeitegem Opliesen vum Dreck
12:00 – 12:15 Auer:

Rassemblement bei der Hall polyvalent wou den ganzen Dreck an Container kënnt
Ab 12:14 Auer : 

Mëttegiessen an der Hall


Mëttegiessen besteet aus der traditionellen Geméiszopp déi vun den Organisateuren offréiert gett.

Mellt iech weg un oder of per mail beim Sekretariat vum ATSuessem  (agilitysuessem@gmail.com )
Gidd weg un ob der och mat eng Zopp läffelen gidd fir dass mer dat kënnen den Organisateuren matdeelen.
Äer Umellung resp Ofmellung misst bis spéitenstens den 20. Mäerz gemaach ginn.
Vergiesst nëmmen net äer Muppen matzehuelen, well et soll Spaass sinn fir Zwee an Veierbeener.
Vill Spaass