Generalversammlung
2017

D' Generalversammlung wor dëst Joer den 3. Februar an der Gadderscheier, a Präsenz vun den Vertrieder vun

  • dem Gemengen- a Schäffenrôt
  • der Entente
  • dem CLA
  • Hondsportveräin "Amateurs du Chien de Police et de Garde" Bieles
  • dem Eierenpräsident Alex Sabus

D' Präsidentin Dany Jung huet d'Eierengäscht a Memberen häerzlech wëllkomm geheescht an hinnen, fir d' Kommen,  Merci gesoot, dunn d' Wuert weider un Sekretärin ginn, fir den Tätegkeetsbericht vum Joer 2016.

Nom Tätegkeetsbericht wor et un der Rei vum Keessier, deen de Bilan vum ATS présentéiert huet.

De Comité ass während dem Joer duerch een weideren Member erweidert ginn, an op der Generalversammlung huet nach een seng Intressen gewissen fir am Comité ze hëllefen, béid Leit goufen per Akklamatioun gewielt.

No den Rieden vum Buergermeeschter, den Vertriederrinen vun der Entente, dem CLA, an dem Präsident vum Hondssportveräin Bieles, ass d' Generalversammlung opgehuewen, an den Owend bei gesellechem Patt ofklengen gelooss ginn.

 

Merci un den Comité an d' Memberen vum ATS Suessem fir hier Aarbescht dat ganzt Joer iwwer an nach vill Spaass fir déi kommend Saison.