Fréijors-Botz

Hallo zesummen,
Wow, wat wor dat e flotten Samschen, d' Sonn wor um Rendezvous an och

20 voll motivéiert Memberen, an der Murkstenue, fir da lo den Terrain op déi kommend Saison ze préparéieren.

Während verschiddener schonn wahrscheinlech mat den Hénger opgestaane woren, a bei eisem Carpot déi leschten Neel ageschloen an Daachpapp opgeluet hunn, sinn déi meescht kuerz virun 10 Auer um Terrain ukomm, fir sech den Arbechten ze stellen.

Et wor genuch ze dinn, wéi:

  • Déi zwee Carporten flécken, fir dass mir endlech erëm dréchen ënnerdaach stinn ;-)
    (Hei hat de Gérard schonn gudd Aarbecht geleescht déi leschten Woch)
  • Chalet raumen a botzen
  • Sandsäck nei fëllen an ggfs flécken
  • Dësch, Kletterwand flécken
  • Pneu nokucken
  • Hürden nei zeechnen
  • Onkraut um Terrain eraus rappen

Am Chalet ass direkt ugefange ginn dat ganzt grousst Gewulls ze raumen, wat beim Abau vun der neier Kichen entstaanen ass.

Et gouf hin an hier geraumt bis dass alles seng richteg Plaz fonnt hat.

Dëscher an Still si neess hiren normalen Fonctiounen zougewisse ginn, sou dass een och lo neess kann am Chalet zesummen sëtzen, wann mol d'Wieder schlecht ass.

Baussen um Terrain ass et och richteg gudd weider gaangen.

Während eis Spréng nei gezeechent gi sinn, hunn aanerer de ganzen Sandterrain vum Onkraut befreit, Hecken geschnidden, a Kontaktzonen kontrolléiert a gefléckt.

Sandsäck si nogekuckt ginn, a wann et néideg wor nach mat Sand nogefëllt ginn.

Et gouf vill geschafft!




Vu dass Schaffen hongerech mecht, sinn fir d'Mëttegiessen Pizza oder Nuddelen bestallt ginn, déi mer dann zesummen um Terrain giess hunn.

No dem Iessen huet de Jürgen Greis vun Dogs and Friends eng Virféierung mat Erklärungen vu sengen  Produit’en op Aloe Vera Basis gemaach.

Merci op dëser Plaz dem Jürgen.


Hei ënnen drënner dann nach e puer kleng Andréck vun

der Fréijorsbotz 2015


E grousse Merci un iech all!